De Concours Jeunes Solistes vun der UGDA geet a seng 40. Editioun. Ronn 150 Kanditinnen a Kandidaten participéieren a fir den Anniversaire ze feieren triede beim Ofschloss Concert véier Solisten op: ee fir all Joerzéngt vum Concours. D'Direktesch Micky Thein gëtt en Abléck an de Concours. Da geet et och ëm de Prix Anne & Françoise Groben de 14. November an der Philharmonie, mir stellen den neie Klassik Album vun der Woch mat Musek vun der Rita Strohl vir an et geet ëm e Lieder-Owend am CAPE.