Radioen

On air

Notturno  |  Georg Philipp Telemann - Concerto an Do, LV 136 no TWV 52 - Kei Koito (Uergel)

play_arrow Live
opus

/ Zwee Fäll vu Blozongekrankheet zu Lëtzebuerg fonnt

Bei Schof am Norden

Zwee Fäll vu Blozongekrankheet zu Lëtzebuerg fonnt

D’Blozongekrankheet ass zu Lëtzebuerg ukomm: Am Norde géifen et fir de Moment zwee Fäll ginn. Dat huet d’Veterinärsinspektioun ALVA op Nofro hi matgedeelt.

auto_stories

1 min

Schof | © Bigstock
Foto: Bigstock

D‘Krankheet ass fir de Mënsch net geféierlech, mee virun allem fir Schof a Ränner potentiell déidlech. D'Krankheet gëtt iwwer infizéiert Mécken iwwerdroe. 

Ongeféierlech fir de Mënsch

Et kéint een dovun ausgoen, datt d’Blozongekrankheet sech déi nächst Deeg a Woche massiv verbreede wäert, sou heescht et vun der Veterinärsinspektioun. Aschränkunge beim Handel géifen et awer dowéinst bal keng ginn. 

Impfstoff ass ënnerwee

An de Länner mat deene Lëtzebuerg handelt, an der Haaptsaach d’Belsch a Holland, wier d‘Blozongekrankheet scho méi laang ukoum. Deemno géifen et keng Aschränkunge beim Export ginn, seet de Carlo Dahm vun der Veterinärsinspektioun. 

"Dat heescht mir sinn eigentlech lo am selwechte Boot, a kenne mat deenen zwee Länner, an och mam Norde vun Däitschland, wou d’Krankheet sech och scho grouss ausgebreet huet, kenne mer ouni weider Bedingunge virun Handel bedreiwen." 

An deenen nächsten Deeg wäert en Impfstoff zu Lëtzebuerg ukommen, dee spezifesch géint deen aktuelle Serotyp vum Virus, de Serotyp 3, wierkt. Awer och dee wäert keng honnertprozenteg Immunitéit garantéieren kënnen.