Hien huet säi Récktrëtt am Kongress ugekënnegt a sot: En Transportminister kéint an engem Land ewéi Spuenien net am Amt bleiwen no zwee schlëmmen Zuchaccidenter a manner wéi engem Joer.
Am Januar hat et op der selwechter Zuchlinnen tëschent Madrid an Andalusien och schonn en Accident gi mat 46 Doudegen.
Drock op Sánchez-Regierung wiisst
Nom Accident d‘lescht Woch hat d‘Oppositioun direkt de Récktrëtt vum Transportminister gefuerdert.
Dat Zuchaccident koum kuerz virun de Parlamentswalen an eppes méi wéi dräi Wochen. An et ass eng weider Belaaschtung fir d‘Regierung vum sozialistesche Premier Pedro Sánchez. Déi steet souwisou schonn ënner Drock, wéinst de Protester géint déi héich Liewenskäschten a Wunnengspräisser a Spuenien.