1. Jobst van Brandt: Lieder
Um éischten Disk, mat weltleche 'Lieder' vum Jobst von Brandt (1517-1570), héiert een intim Musek fir Gesang, Laute, Perkussioun a Viola de Gamba.
2. Credo
Duetter iwwer Léift a Jalousie vum Georg Friedrich Händel fir Sopran a Countertenor. Eng Produktioun, op där Emotionaliéit an Temperament um Rendez-vous sinn.

3. Miklós Rózsa: Ungarische Serenade op. 25 + Ouvertüre zu einem symphonischen Konzert op. 26a + Tripartita
Manner bekannt, mee dofir awer net manner interessant. Den ungaresche Komponist Miklós Rózsa (1907-1995) ass vläicht net jidderengem e Begrëff. An trotzdeem gëtt seng Musek vu bekannten Dirigent programméiert. D'Deutsche Staatsphilharmonie huet lo manner bekannte Wierker fir dësen Disk erausgesicht.

De Remy Franck présentéiert dës dräi Produktiounen an der Serie 'Nei Releasen'.