Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
search

/ Zweemol Live an eng Kéier On Tour

Concerten um opus 100,7

Zweemol Live an eng Kéier On Tour

Erlieft d’Lëtzebuerger Philharmoniker souwuel mam fuschneie Geieconcerto vum Lëtzebuerger Komponist Georges Lentz, wéi och mat engem Concert, dee si esou well viru 50 Joer gespillt hunn.

auto_stories

2 min

Live aus der Philharmonie

De 15. September um 19:30 Auer feieren d’Lëtzebuerger Philharmoniker an den opus 100,7 de Start vun der neier Concertssaison. Lauschtert den éischten Optrëtt vum Orchester live um opus 100,7, mat um Programm dem Lëtzebuerger Komponist Georges Lentz säin neie Geieconcerto an dem Gustav Mahler seng fënneft Sinfonie. Solistin ass d’Arabella Steinbacher an dirigéiert gëtt den Orchester vu sengem Chefdirigent Gustavo Gimeno.

Ronn eng Woch nom éischte Concert si mir eng zweete Kéier live an der Philharmonie. De fréiere Chefdirigent an häitegen Éierendirigent Leopold Hager proposéiert en Donneschdeg, 21. September um 19:30 Auer e Concert, dee genee esou well viru 50 Joer op der Affiche stoung. Um Programm: Dem Wolfgang Amadeus Mozart seng 40. Sinfonie an dem Franz Schubert seng Grouss Sinfonie an Do Majeur.

Lëtzebuerger am Ausland

© © Andrej Crilc
(Foto: © Andrej Crilc)

D’Lëtzebuerger Philharmoniker verzauberen net nëmmen am Grand-Duché hire Publikum, mee kënnen och reegelméisseg am Ausland begeeschteren. Ufank Juli stounge si ënner der Direktioun vun hirem Chefdirigent Gustavo Grimeno op der Open-Air-Bün vum Palacio de Carlos V zu Granada. Lauschtert d’Live-Opnam mam Gustav Mahler senger 6. Sinfonie e Mëttwoch, 13. September um 20 Auer um opus 100,7.

D’Geiistin Alena Baeva an de Pianist Vadim Kholodenko - alle béid Museker, déi zu Lëtzebuerg liewen - goufen 2021 invitéiert um internationale Festival Chopin and his Europe zu Warschau ze spillen. Um Programm mam Titel “An Essay of Love”: eng Fantasie vum Robert Schuman, en Theema mat senge Variatioune vun der Grażyna Bacewicz an d’Uropféierung vum Mark Simpson senger Kompositioun “An Essay of Love”. De Rendez-vous ass e Sonndeg, 24. September nom Panorama um 12 Auer.