De Beethoven huet een Oktett fir Bléiser geschriwwen an dee steet um Concert des Enseignants vum Escher Conservatoire, den 3.Februar, um Programm. De Prokofiev ass mat enger fir Bléiseroktett adaptéierter Fassung vun der Suite vu sengem bekannte Ballet 'Romeo und Julia' vertrueden.
Dat lescht Wierk um Programm ass vun engem manner bekannte Komponist, dem Ludwig Thuille (1861-1907), en éisträichesche Spéitromantiker. Gespillt gëtt säi Sextett, Op.6 fir Piano a Blosquintett. E Wierk an deem ee méi Aflëss raushéiert.
De Christophe Mirkes huet bei der Pianistin Lynn Orazi a beim Hautboisist Jean-Paul Hansen nogefrot, wat dëse Repertoire ausmécht.