Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Frédéric Chopin - Impromptu Nr.1 a La bémol Majeur, Op. 29 - Zala Kravos (Piano)

play_arrow Live
search

/ "Gären u Limitte krazen"

KLASSIK AKTUELL

"Gären u Limitte krazen"

Den Echter'Classic Festival 2024 gëtt eklektesch: 4 Concerte mat Sinfonik a Madrigal bis hin zu Tango an experimenteller Musek.

auto_stories

1 min

Dëst Joer ass den Echter'Classic Festival mat 4 Concerten ugesat, déi sech all däitlech vuneneen ënnerscheeden. Um Programm steet ënner anerem Tangosmusek vum Piazzolla mam Stephany Ortega Trio, sinfonesch Musek vum Schubert mat de Lëtzebuerger Philharmoniker, experimentell bis jazzeg Musek mat 'Machine à Trois', a Madrigal mam franséischen 'Ensemble Offrandes'.

Domat sinn och vill Lëtzebuerger Interprete vertrueden, déi e wichtege Bestanddeel vum Festival sinn, wéi den Direkter vum Trifolion Maxime Bender dem Christophe Mirkes am Interview verroden huet.

Lauschterenplay_arrow