Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Ennio Morricone - Giuseppe Tornatore Suite, aus 'Malena' (Film) - Yo-Yo Ma (Cello), Orchestra Roma Sinfonietta

play_arrow Live
opus

/ Si huet sech als Kand eng Harf vum Kleesche gewënscht

Klassik Aktuell

Si huet sech als Kand eng Harf vum Kleesche gewënscht

De 4. Mäerz gëtt et e Concert ënner dem Titel la harpe fantastique am Kammermusekssall vun der Philharmonie.

auto_stories

1 min

headphones

6 min

play_arrow

Mat fënnef Joer ass si mat hiren Elteren op Paräis gereest an an der Strooss huet si en Harfenist spille gesinn. Dat war hir éischt Renconter mam Instrument a si war direkt verzaubert. D'Channel Perdichizzi huet sech du vum Kleeschen eng Harf gewënscht an zanterhier spillt si och.
De 4. Mäerz spillt si an der Philharmonie zesumme mam Alexis Roussine op der Gei a mam Stéphane Giampellegrini um Cello e Concert ënner dem Motto La harpe fantastique. Um Programm stinn ënner anerem Wierker vu Saint-Saëns, Ibert an Debussy.
D’Marie Trussart huet mat der Harfenistin Chanel Perdichizzi ënner anerem doriwwer geschwat, wat de Public deen Owend erwaart, a wéi si als Kand der Harf fir d'éischt begéint ass.

Lauschterenplay_arrow