Radioen

On air

Musikalesch Häpperecher  |  

play_arrow Live
opus

/ Entdeckungen op méi Niveauen

KLASSIK ALBUM VUN DER WOCH

Entdeckungen op méi Niveauen

Wie sech fir franséisch-impressionistesch Musek ka begeeschteren, huet haut d’Méiglechkeet seng Audiothéik mat neier Musek ze erweideren.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

play_arrow

Lauschtert dat emfangräicht Gespréich iwwert de Klassik-Album vun der Woch tëschent dem Luc Boentges an dem Christophe Mirkes.

Lauschterenplay_arrow

Wien huet d'Musek geschriwwen?

Rita Strohl (1865-1941)

Wat gëtt gespillt?

- Symphonie de la Forêt 

- Les Cygnes 

- La Flute de Pan

- La Momie 

- La Cloche felée 

- Mystére sacré aus "Yajnavalkya" 

Wie sinn d'Interpreten?

Orchestre national d'île-de-France

Marie Perbost, Sopran

Lucile Richardot, Mezzo-Sopran

Case Scaglione, Direktioun

De Label?

La Boîte à Pépites

Firwat ass dësen Disk eng Entdeckung op méi Niveauen?

Et ass den drëtten Album vum 2022 gegrënnte Label "La Boîte à Pépites", dee just der Musek vun der Rita Strohl gewidmet ass. Domat huet een d'Chance fir d'Komponisten an all hire kompositoreschen Dimensioune kennen ze léieren. Zousätzlech ass et eng Erweiderung zum franséische Répertoire, dee vum Saint-Saëns, Ravel an Debussy dominéiert gëtt. Et wäert och net bei där enger Entdeckung bleiwen. De jonke Label huet sech nämlech virgeholl onéditéiert Musek vu Komponistinnen opzeschaffen an opzehuelen. D'Rita Strohl ass schonn déi drëtt a sécher net déi lescht Komponistin, déi "La Boîte à Pépites" mëttlerweil presentéiert huet. Et kann een also op weider Produktioune gespaant sinn.

Wéi gëtt d'Musek interpretéiert?

Wäermt bestëmmt de Klang op dëser Produktioun. Dat gëllt fir den Orchestre national d'île-de-France, fir d'Soli innerhalb vum Orchester a fir d'Sängerinne Marie Perbost a Lucile Richardot. Et ass d'Verständnis fr d'Nierwestëmmen, dat an der Sinfonie ëmmer nees e Räichtum u Faarwen opbléie léisst. Och vun der technescher Säit ass de Mixage esou gemaach, datt d'Gesamtbild ëmmer ofgeronnt bleift. Virun allem bei de Lieder ass dat e wichtege Choix gewiescht. Domat integréiere sech d'Stëmme wonnerbar an den Orchester.