Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Wolfgang Amadeus Mozart - Divertimento a Mi bémol Mineur, KV 563, III. Menuetto - Trio Oreade

play_arrow Live
opus

/ Parisienne

KLASSIK ALBUM VUN DER WOCH

Parisienne

D'Eloïse Bella Kohn spillt franséisch Pianosconcertoe vum Ravel a vum Massenet.

auto_stories

3 min

Wien a wat ass ze héieren?

Déi franséisch Pianistin Eloïse Bella Kohn spillt zesumme mam Rundfunk-Sinfonieorchester Berlin ënnert der Leedung vum Christoph Koncz. Opgeholl goufen zwee franséisch Pianosconcertoen: dem Maurice Ravel säi 'Concerto en Sol' an dann iwwerraschenderweis och den onbekannte Concerto a Mi bémol Majeur vum Jules Massenet. 

Firwat déi zwee Komponisten op engem Album?

Am Bichelche vum CD ass zimlech ausféierlech beschriwwen, wat déi zwee franséisch Komponiste matenee verbënnt. An dat ass ënner anerem hir Geschicht mam Prix de Rome. De Jules Massenet war och Pedagog an hat insgesamt op mannst 15 Schüler déi de bedeitende Präis gewonnen haten. De Ravel war nie e feste Schüler vum Massenet, mee krut awer Rotschléi vun him an huet sech grad beim Prix de Rome fir d’Areeche vun enger Kantat um Massenet sengem Kompositiounsstil inspiréiert. An obwuel de Massenet am Jury souz, war de Ravel 1905 bei senger fënnefter a leschter Kandidatur schon an der éischter Ronn vum Concours erausgeflunn...

Wéi ass d'Interpretatioun?

Et kann ee soen, datt der Eloïse Bella Kohn hir Klangkultur aus vill Prezisioun besteet - grad wat déi kuerz rhythmesch Figuren am Ravel sengem Concerto betrëfft. Do weist d’Pianistin, wéi extakt en Touché ka sinn. Doriwwer eraus verschmëlzt de Piano wonnerbar mam Orchesterklang, wann en eng Aart Begleedung ze spillen huet. 

Wann een d’Linneféierung vun de Melodië verfollegt, da kléngt d'Interpretatioun am Concerto vum Massenet bësse méi natierlech an der Phraséierung wéi beim Ravel. Do géing een sech vläicht bësse méi zäitlech Fräiheeten erwaarden. D’Eloïse Bella Kohn bleift hei scho bal ze vill exakt am Tempo. Dat héiert ee grad bei de méi luese Melodien am éischten an am zweete Saz. Dofir ass d’Klangschichtung vun deenen eenzelne Stëmmen immens däitlech. D’Pianistin spillt mat engem Klangideal, dat sou kloer ass wéi Glas.

Och de Rundfunk-Sinfonieorchester Berlin ënnert der Leedung vum Christoph Koncz bestécht mat Prezisioun: de Klang ass homogène a kloer. Grad bei méi haarden Akkorde mécht sech déi éischter kuerz Gestaltung positiv bemierkbar. Och d'Kloerheet an den eenzelne Soloe vun de verschidden Instrumenter erméiglechen e gutt, bal kammermusikalescht Zesummespill mat der Solistin um Piano.