Radioen

On air

Musikalesch Häpperecher  |  Franz Schubert - Fierrabras Ouverture, D 796 - Berliner Symphoniker, Hansjörg Schellenberger (Dir.)

play_arrow Live
search

/ pure -Louie's Cage Percussion

Klassik Album vun der Woch

pure -Louie's Cage Percussion

Déi éisträichesch Formatioun aus 8 Perkussioniste verbënnt d'klassesch Musek mat perkussiv-rhythmeschen, deels syntheetesch-elektronesche Kläng.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

play_arrow

Den Album "pure" vu Louie's Cage Percussion schléit definitiv eng nei Richtung an a schwëmmt géint de Stroum vu klasseschen Alben.

16 Hänn, 9 Lidder, 8 Museker

Déi jonk éisträichesch Formatioun huet sech 2014 forméiert. Als Studenten zu Wien hunn si sech zesummefonnt.

2020 hunn si dann och hiren Debut mat "Characters" gefeiert.

Ee Numm als Hommage

Direkt 2 Nimm ginn am Numm vun der Grupp matenee kombinéiert. Op der enger Säit ass et eng Hommage un de Komponist John Cage, op der anerer Säit d'Wuertspill aus dem Aafekinneg King Louie aus dem Disney-Film "Das Dschungelbuch".

Experimentell Kläng, nei Instrumenter an d'Verbanne vu Museksstiler

Ween sech op ee Genre festleeë wëll, fir deen ass dës Formatioun näischt. Louie's Cage Percussion schléit verschidde Richtungen an. Entweder gi Lidder nei komponéiert, natierlech vun de Museker selwer. Oder och selwer arrangéiert wéi d'prélude à l'après-midi d'un faune vum Debussy oder dem Verdi seng Ouvertür aus "La forza del destino".

Dobäi kennen si keng Grenze wat d'Genre ubelaangt. Ob klassesch Musek, Pop, Rock, Jazz oder och elektronesch Musek. Si probéieren nei Kläng aus, spillen op Alldagsgéigestänn, benotzen Instrumenter, déi et zur Zäit vum Komponist nach iwwerhaapt net gouf oder kreéieren einfach kuerzerhand eege Sounds.

De Lex Kauffmann huet an déi neiste Produktioun "pure" vu Louie's Cage Percussion eragelauschtert, a verréit dem Christophe Mirkes am Gespréich, wat him gutt respektiv och manner gutt gefall huet.

Lauschterenplay_arrow