CD-Klassik
CD-Klassik
Anescht wéi dacks gesot, ass de Marché vun der klassescher CD nach net um Ausstierwen. Dat beweisen déi sëllechen nei Produktiounen, déi quasi Dag fir Dag an der Museksredaktioun vum radio 100,7 landen. D’Emissioun CD-Klassik mam Remy Franck, deen och Chefredakter vun der Internetsäit pizzicato.lu ass, reflektéiert d’Aktualitéit vun der Klassik-CD a stellt déi spannendst an och dacks ongewéinlechst nei Publikatioune vir. All leschte Méindeg a Samschdeg am Mount diskutéieren de Remy Franck an de Guy Engels, Museksredakter beim radio 100,7 – allebéid si se Member am Jury vun den “International Classical Music Awards” - iwwert rezent Produktiounen, si presentéieren nei Talenter an nei Interpretatiounstendenzen. (Rediff. samschdes um 10:05)