CD-Klassik
CD-Klassik
Spillt ee Mozart am beschten op historeschem Instrumentarium, no den Erkenntnisser vun der historesch informéierter Opféierungspraxis oder verdréit en och eng modern Approche? De Remy Franck, Mataarbechter vum radio 100,7 a Chefredakter vu pizzicato.lu, an de Guy Engels, Museksredakter um radio 100,7, proposéieren 3 nei Enregistrementer mat Mozart-Wierker: d’Geieconcerti 1, 3 a 4 mam Franz-Peter Zimmermann, de Requiem mam Vokalensemble “Accentus” an d’Fortsetzung vun enger Intégrale vun de Pianossonate mam Kristian Bezuidenhout um Fortepiano. (Rediff. samschdes um 10:05)