D'Rocklegend David Bowie ass doud, hien ass am Alter vun 69 Joer u Kriibs gestuerwen
Den Attentäter, deen d'läscht Woch zu Paräis erschoss ginn ass, war der Lëtzebuerger Police bekannt wéinst engem Iwwerfall op eng Fra, am Joer 2013
Steierreform: Mëttwoch ass Regierungsklausur am Sennenger Schlass
Wéinst der onsécherer Situatioun an Ägypten, Tunesien, Marokko an der Tierkei setzt LuxairTours verstäerkt op Destinatiounen a Spuenien, Portugal a Griicheland
Eng méi héich Besteierung vun den Déngschtween kéint zu engem Verloscht vu bis zu 400 Milliounen Euro am Ëmsaz féieren, seet de President vun der Federatioun vun de Locatiouns- a Leasingsgesellschaften
Police zu Köln hätt schro Feeler an der Silvesternuecht gemeet, seet den Inneminister vun Nordrhein-Westfalen
Neiwahlen a Spuenien? D'Fro gëtt ëmmer méi akut
Grousse Gewënner bei de Golden Globes: The Revenant mam Leonardo Di Caprio