Attentat-Serie zu Damaskus mat op d’mannst 45 Doudesaffer belaascht Friddensgespréicher zousätzlech
Virun der tierkescher Ägäis-Küst si bei engem Schëffsongléck op d’mannst 39 Flüchtlingen erdronk.
Eng 10.000 mannerjäreg Flüchtlingen, déi onbegleet an Europa komm sinn, si verschwonn, mellt Europol.
Eng Rei EU-Memberstaaten verstäerken hir Efforten, fir Flüchtlingen nees ofzeweisen.
Am US-Bundesstaat Iowa si muer déi éischt Virwahle fir d’Presidentschaftskandidaten.
Den EU-Rotspresident Donald Tusk trëfft zu London de britesche Premier David Cameron.
Am Programm vum geplangte Wäerteunterrecht dominéiert dee reliéise Bléckwénkel, kritiséiert d'AHA.
Den Novak Djokovic huet fir d’sechste Kéier d’Australian Open gewonn.
Neie Cyclo-Cross Weltmeeschter ass de Belsch Wout Van Aert.
Finaliste vun der Coupe am Damme-Basket sinn Ettelbréck a Walfer.