Panorama
Panorama
1. Steierreform: Kee Sputt méi fir weider Steierreduktioune fir Betriber, sot de Finanzminister Pierre Gramegna am 100,7 Interview
2. Am Dschungel Flüchtlingscamp zu Calais ginn d’Oofrapp-Aarbechte virun, d’Police huet Tréinegas agesat géint Migranten, déi de Camp net wëlle verloossen.
3.De Risk ass kléng, mee den Zika Virus kéint déi geféierlech neurologesch Krankheet Guillain-Barré Syndrom verursaachen, behaapt Lancet Journal.
4. Am Spidol an am Prisong hunn se bäigeléiert, seet Affekot am Prozess iwwert den Dout vun engem Prisonnéier, deen un enger Iwwerdosis Methadon gestuerwe wor.
5. Super Tuesday an den USA: An 12 Staaten si "primaries", fir iwwer Presidentschaftskandidaten ofzestëmmen.
6. UNO Sécherheetsrot soll iwwer nei Sanktioune géint Nordkorea decidéieren.
7. Amerikaneschen Acteur George Kennedy (bekannt aus Naked Gun Komedie Filmer) am Alter vun 91 Joer gestuerwen.