1. Lëtzebuerger Journalisteverband ALJ kritiséiert Tierkei wéint Violatioun vu Pressefräiheet nodeems Zeitung Zaman ënner staatlech Kontroll gestallt gouf. Tierkei muss d'Pressefräiheet respektéieren, seet EU.
2. Déi chinesesch Wirtschaft wiisst manner staark a China steet viru groussen Erausfuerderungen, esou de Message vum chinesesche Premier op der Ouverture vum Regierungkongress zu Peking.
3. Tierkei huet ugedeit, dass se bereet ass, Flüchtlingen, déi kee Recht op internationale Schutz hunn, zréckzehuelen, sot EU Rotspresident Donald Tusk am Virfeld vum EU-Tierkei Flüchtlingssommet iwwermuer zu Bréissel.
4. Gesetzprojet zur Reform vun der Fleegeversécherung gëtt a nächste Wochen ausgeschafft, sot Minister Romain Schneider an eiser Emissioun Riicht Eraus.
5. Facebook ass bereet méi Steieren a Groussbritannien ze bezuelen no Kritik wéint minime Steieren am Joer 2014.
6. Anti-Migratiouns Campagne am Mëttelpunkt vu Parlamentswahlen an der Slovakei, wou d'Regierungspartei Smer vum Premier Robert Fico Favorit ass.
7. Taliban net bereet bei Friddensgespréicher mat der afghanescher Regierung matt ze maachen, esou US an afghanesch Zaldote weider Taliban Positiounen ugräifen.
8. Historesch Entwécklung am Football: Vun der Saison 2017 un gëtt den Asaz vu Video Opnahme fir Arbittere getest.