1. Tierkei freet 3 Milliarde méi, fir den Akkord an der Flüchtlingskris, seet Martin Schultz. De Sommet zu Bréissel gouf verlängert.
2. Educatiounsminister wëll Accès zur Carrière vum Lycéesproff erliichteren.
3. Parquet freet Prisongsstrof vun 30 Méint, dovu 6 Méint ferm, fir fréiere Buergermeeschter vu Viichten Nico Maréchal, dee "Feeler" zouginn huet bei Approbatioun vun engem Bauprojet
4. Kritik um neien Agrargesetz vum Mouvement ecologique.
5. 12 Prozent vu Stéit zu Lëtzebuerg onzefridde mat hirer finanzieller Situatioun, esou Eurobarometer.
6. Et gouf kee Sécherheetskonzept virun der Silvesternuecht zu Köln,esou de Chef vum Kölner Ordnungsamt.
7. Energie-Produktioun duerch Atomkraaft wäert an de nächsten 10 Joer zouhuelen, sot de Chef vun der Internationaler Atomenergie-Agence, Yukiya Amano.