Kee Sputt fir Steierreduktioune vu méi ewéi 500 Milliounen, esou LCGB no Reunioun tëscht Regierung a Sozialpartner iwwert d'Steierreform.
Bréifdréier onzefridde wéint ze vill Iwwerstonnen an ze niddrege Salairen.
Post-Fossile Liewensstil virbereeden ass ee vun den Ziler vun der Transition Bewegung, déi de Sujet wor an eiser Emissioun Riicht Eraus.
Zukunft vum syresche President Assad eng “rout Linn” iwwert déi bei de Friddensgespréicher zu Genf net dierf geschwat ginn, seet syresch Regierung.
Franséischen Inneminister Cazeneuve reprochéiert Handyproduzente Manktem u Kooperatioun fir Opklärung vun Terrorattentater zu Paräis.
President vu Sierra Leone refuséiert fir Ofdreiwungs-Gesetz z'ënnerschreiwen.
Griichesch Regierung deelt Flyern u Flüchtlingen am Camp zu Idomeni aus, si sollen an aner Centres de Primo Acceuil weider reesen.
Artificiell Intelligenz: Google AlphaGo Programm wënnt drëtt Partie géint ee vun de beschte Spiller vun dësem urale chinesesche Spill.
Tennis Star Maria Sharapova verteidegt sech op Facebook nom positiven Doping Test op d'Medikament Meldonium.