1. Salah Abdeslam kooperéiert mat der Belscher Police, ma refuséiert eng Ausliwwerung u Frankräich. No senger Verhaftung gëschter gouf hie wéint Mord an terroristeschen Aktivitéiten ugeklot.
2. Selbstmordattentat am Zentrum vun Istanbul mat fënnef Doudegen.
3. CSV wëll 2018 zeréck an d'Regierung, esou de Marc Spautz, deen um CSV Kongress mat 92% als Parteipresident konfirméiert gouf. De neien CSV Grondsaz Programm gouf ugeholl.
4. Grénge Bilan léisst sech weisen, esou Déi Gréng an der Halschent vun der Legislaturperiod haut op hirem Kongress.
5. Mouvement écologique vermësst nohalteg Akzenter an der Politik vun der blo-rout-grénger Koalitioun a fuerdert ënner anerem e klore Verbuet vum Glyphosat.
6. Policegewerkschaft SNPGL konfirméiert Ausschloss vu 7 Memberen, déi och an der neier Gewerkschaft ASPOL aktiv sinn. 77% haten op der SNPGL Generalversammlung fir den Ausschloss vun deene Betraffene gestëmmt.
7. Gesamtzuel vu Spidolsbetter geet ëm 59 Better zréck an net ëm 200, sot d’Gesondheetsministerin an eiser Emissioun Riicht Eraus.
8. Fligerongléck a Südrussland: All 62 Leit u Bord stierwen wéi e Passagéierfliger vu FlyDubai bei der Land bei schlechtem Wieder zu Rostow-um-Don erofgefall ass.
9. Amnesty International seet dass d'EU mam Akkord fir Flüchtlingen zeréck an d'Tierkei ze schécken der Flüchtlingskris de Réck géif dréinen.
10. 39 Zivilisten stierwen a Loftattack zu Raqa a Syrien, esou de syreschen Observatoire fir Mënscherechter.