1. Bréissel: Fayçal Cheffou ugeklot, nach net konfirméiert op hien den drëtte Mann (mam Hutt) op de Biller vun Iwwerwaachungskamerae vum Fluchhafen ass.
2. Bréissel: "Marche contre la peur" aus Sécherheetsgrënn ofgesot, Polizisten iwwerlaascht a fir Enquête néideg, esou Inneminister.
3. Zaventem: Bréisseler Fluchhafe fréistens en Dënschdeg nees op fir Passagéier Flich, seet Bedreiwer.
4. Claude Meisch: Gesond Konkurrenz tëscht Lycéeën ass OK, méi Autonomie fir Schoulen ass wichteg, esou Educatiounsminister an der Emissioun Riicht Eraus.
5. Syrien: Regierungstruppe maache signifikativ Gewënner géint IS zu Palmyra a kontrolléieren elo en Drëttel vun der Stad.
6. Irak: Begriefnis vun 32 Mënschen (déi meescht Mannerjäreger), déi bei engem Selbstmordattentat op engem Football's Match ëm d'Liewe koumen.
7. Yemen: Dausende Leit protestéieren zu Sanaa géint militäresch Koalitioun, ënner dem Kommando vu Saudi-Arabien, déi géint schiitesch Houthi Rebelle kämpft.
8. Demokratesch Republik Kongo: Véier Presidentschafts-Kandidate kontestéiere Resultat vum Vote vun de Wahle vum 20. Mäz
9. Football: 1500 Poliziste fir Frëndschaftsmatch tëscht Däitschland an England zu Berlin.