1. Griicheland: Migrante protestéiere viru Réckféierungen an d'Tierkei, déi iwwermuer sollen ufänken.
2. Bréisseler Fluchhafe soll muer fir limitéierte Service opgoen.
3. Liberal Politkerin Colette Flesch, Invitée bei Riicht Eraus, besuergt iwwert populistesch Politik an Europa.
4. Presuméierte Kompliz vum Reda Kriket zu Bréissel verhaft.
5. Massegraf mat 42 Läichen an der syrescher Stad Palmyra fonnt.
6. Vladimir Putin mécht Appel un Armenien a Aserbaidschan, mat der Gewalt opzehalen.
7. 50 Joer Militärdiktatur a Myanmar eriwwer nodeems zivile President vereedegt gouf.
8. Begriefnis vum fréieren däitschen Ausseminister Guide Westerwelle zu Köln.
9. Bundesliga: Victoirë fir Bayern, Mainz an HSV. Schalke verléiert géint Ingolstadt.