Panorama
Panorama
1. 50 syresch Réfugiéen aus der Tierkei solle vun elo un all Mount op Lëtzebuerg kommen, esou OLAI Direkter Yves Pirron am 100,7 Interview.
2. Islännesche Premier huet awer 'net ganz demissionéiert', esou e Pressecommuniqué.
3. Panama Papers: Fifa President Gianni Infantino dementéiert Reprochen an Zesummenhang mat Kontrakter vun Televisiouns-Rechter fir d’Football Champions League.
4. Panama Papers: Lëtzebuerger Investment Entreprise LSK, déi bis 2014 vum Dominique Strauss-Kahn presidéiert gouf, huet 31 Gesellschaften a Steieroase gegrënnt, esou d'Zeitung Le Monde.
5. US Virwahlen: Victoire vum Ted Cruz bei de Republikaner am Staat Wisconsin bremst Donald Trump an der Course fir d'Presidentschaftskandidatur.
6. EU-Kommissioun presentéiert Iddië fir europäeschen Asyl-System ze reforméieren.
7. Minimal Präishausse vu 0,02% am Februar, Joresinflatioun bei 0,05% (STATEC).