Panorama
Panorama
1. Panama Papers: Belsche Finanzminister fuerdert Enquête iwwert d’Dexia Bank an hir fréier Lëtzebuerger Filial Experta.
2. Bréissel: Véier vun de sechs Leit, déi gëschter festgeholl goufen, si wéint Terrorismus ugeklot ginn.
3. Tierkei: US Ambassade warnt virun Attentater op touristesche Plazen zu Istanbul an zu Antalya.
4. Riicht Eraus: Déi Gréng wëllen TTIP Verhandlunge weiderféieren, seet d'Vivianne Loschetter, Greenpace wëll se direkt stoppen, esou d'Martina Holbach.
5. Island: Oppositioun manifestéiert weider géint Regierung a fuerdert virgezunnen Neiwahlen.
6. Peru: Keiko Fujimori ass d'Favoritin muer bei de Presidentewahlen.
7. Frankräich: Weider Protester géint déi geplangte Reform vum code du travail.
8. Éisträich: Regierung wëll Proprietärin vum Hitler sengem Gebuertshaus expropriéieren.
9. Groussbritannien: DNA Tester reveléiere biologesche Papp vum Äerzbëschof vu Canterbury.
10. Cyclissem: Alberto Contador gewënnt Tour duerch d'Baskeland.
11. Football: Bayern München behält Virsprong un der Spëtzt vun der Bundesliga.