Panorama
Panorama
1. Affär Böhmermann: Däitschland léisst Enquête géint Satiriker zou op Wonsch vun der Tierkei.
2. Police: Delikter zejoert ëm 6,35% zeréckgaangen.
3. Staatssekretär Camille Gira beoptragt Enquête no Pollutioun vun de Flëss Atert, Uelzecht a Sauer duerch Uelech aus der Goodyear Fabréck.
4. Belsch Transportministesch Jacqueline Galant zeréckgetruede wéint Rapport iwwer Sécherheets-Lacunen op Belsche Fluchhäfen.
5. Spueneschen Industrie-, Energie- an Tourismus-Minister José Manuel Soria zeréckgetruede wéint der Panama Papers Affär.
6. Britesch Police verhaft fënnef Leit wéint Verdacht si hätten en Attentat geplangt.
7. Spuenesch Regierung muss weider zwou Milliarden am Budget spuere well hiren Defizit ëmmer nach ze héich ass.
8. Chinesesch Wirtschaft wiisst 'nëmmen' 6,7% an den éischten dräi Méint vun dësem Joer.