Panorama
Panorama
1. Lëtzebuerg wëll den internationale Klima-Accord am Hierscht ratifizéieren, seet d’Ëmweltministesch.
2. EU Finanzministeren oneens iwwert nei Regele fir Publikatioun vu Finanz-Donnéeë vu grousse Konzerner.
3. Uni Lëtzebuerg schafft un enger Charta fir Relatioun mat Sponsoren ze definéieren.
4. Dout vum Prince wor kee Selbstmord, seet Sheriff vu Minnesota.
5. Platform vun ONG'ë huet fir eng nohalteg Landwirtschaft an der Stad manifestéiert.
6. Lëtzebuerg ass wirtschaftspolitesch besser wéi jee opgestallt, esou de Wirtschaftsminister bei der Ouverture vun der Fréijoersfoire.
7. Barack Obama mécht Appel u Jonker a Groussbritannien, net an den Zynismus ze verfalen an d'Hoffnung op Progrès net opzeginn.
8. Angela Merkel an EU Spëtzepolitiker besichen tierkescht Flüchtlingslager un der syrescher Grenz.
9. Uni-Professer a Bangladesch mat Machet ëmbruecht, Islamesche Staat revendiquéiert Mord.
10. 35.000 Leit demonstréieren zu Hannover géint de Fräihandels-Accord TTIP, virun der Arrivée muer vum Barack Obama an Däitschland.