Panorama
Panorama
1. Etat de la Nation: D'Zäit, wou flexibel ka geschafft ginn, soll op 4 Méint eropgesat ginn; d'Salariéë sollen dofir bis zu dräi an en hallwen Dag Congé derbäi kréien, esou d'Decisioun, déi de Premier fir d'Organisatioun vun der Aarbechtszäit ugekënnegt huet.
2. Etat de la Nation: "Eng Ried ouni Visioun", soen Oppositiounsparteien.
3. LuxLeaks: Zeie vu PriceWaterHouse Coopers seet aus, dass Informatiounen iwwer Tax Rulingen an der Vergaangenheet net esou gutt geschützt goufen, wéi ee sech et gewënscht hat.
4. LuxLeaks: Franséische Finanzminister weist sech solidaresch mam Whistleblower Antoine Deltour.
5. Lëtzebuerger Finanzministère stellt sech hannert Generaldirekter vu Finanz-Iwwerwaachungs-Autoritéit CSSF, nodeems d'Zeitung Le Soir de Claude Marx a Verbindung mat der Panama Papers Affär bruecht huet.