Panorama
Panorama
1. Bagdad: Regierungsgéigner stierme Parlament.
2. Iran: Reformisten a Moderéiert maache weider Gewënner am zweeten Tour vun de Parlamentswahlen, déi Konservativ sinn elo net méi dee gréisste Groupe.
3. Syrien: Bombardementer zu Aleppo gi virun, Russland net bereet Drock op syresch Regierung ze maachen.
4. Handwierkerfederatioun fënnt Praktike vu Steierrulingen, déi am Luxleaks Prozess bekannt goufen, skandaléis, esou hire Generalsekretär an der Emissioun Riicht Eraus.
5. Kenia verbrennt 105 Tonnen Elfenbein fir illegalen Handel ze decouragéieren.
6. 84 Migrante vermësst nodeems Schlauchboot tëscht Libyen an Italien ënnergoung.
7. Nicolas Sarkozy seet dass d'Droite, wann se un de Pouvoir géif kommen, d'Transitioun vu 75% op 50% Atomkraaft géif réckgängeg maachen an all d'Atomzentrale géif behalen.
8. Däitsch rietspopulistesch Partei Alternative für Deutschland proposéiert Albrecht Glaser als Kandidat fir d'Presidentschaftswahlen 2017.