1. CSV dementéiert, dass se virun de leschte Wahlen un ADR erugetrueden ass en vue vun eventueller Koalitioun.
2. Qatar Airways krut keng Autorisatioun, fir nuets Cargo Volen vu Lëtzebuerg aus ze maachen, sot de Minister François Bausch am 100,7 Interview.
3. Zéng weider fix radaren vun haut un a Betrib, d'Radaren hunn hiren Zweck erfëllt, esou de François Bausch.
4. Griichescht Parlament huet ëmstridde Pensiouns-a Steierreformen gestëmmt, virum Parlament gouf et Ausernanersetzungen tëscht Police an Demonstranten.
5. Eurogroupe kënnt haut zesumme fir iwwert Reformen a Griicheland ze diskutéieren.
6. Bëschbränn a Kanada hunn sech manner séier ausgebreet, wéint Reen a méi kalen Temperaturen.
7. Nordkorea wëll seng Wirtschaft stäerken, a sech als Atom-Muecht weider entwéckelen, gouf um Kongress ugekënnegt.
8. Reporter vun der BBC zu Pjöngjang verhaft, hie gëtt ausgewisen.
9. Tribunal arbitral du sport zu Lausanne decidéiert op de Michel Platini nees President vum europäesche Football Verband UEFA ka ginn.