Panorama
Panorama
1. CETA: Regierung steet hannert Akkord, seet Jean Asselborn; Déi Gréng hunn sech nach net positionéiert, esou d'Fraktiounschefin Vivianne Loschetter.
2. Landwirtschaft soll net vu Fräihandelsaccord couvréiert ginn, esou Jeff Boonen, vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren, an der Emissioun Riicht Eraus.
3. Chef vu FIFA Audit-Kommissioun, Domenico Scala, huet demissionéiert.
4. Pharmakonzern Pfizer léist Gebrauch vu senge Produiten, fir Gëftsprëtz-Hiriichtungen an den USA, net méi zou.
5. Kanadesch Premier Justin Trudeau versprécht der Stad Fort McMurray Hëllef fir de Nees-Opbau nom katastrofale Feier.
6. Hezbollah Kommandant Mustafa Badreddine a Syrien vun Jihadisten ëmbruecht ginn.
7. Internationale Sommet a Nigeria fir Opstand vun islamistescher Miliz Boko Haram ze stoppen.
8. Cyklissem: Gianluca Brambilla neie Leader am Giro d'Italia; Bob Jungels elo 14. am Generalklassement.
9. Football: Werder Bremen fält aus der Bundesliga, Eintracht Frankfurt konnt den Oofstieg evitéieren.