Panorama
Panorama
16 min
1. Ursaach vum Egyptair Fliger Ongléck weider onkloer, ägyptesch Regierung schwätzt vu méiglechem Attentat.
2. Luxair gutt positionéiert am Konkurrenzkampf mat Ryanair, seet Luxair Group Generaldirekter Adrien Ney, no der Konfirmatioun, dass Ryanair vu Lëtzebuerg op London an op Porto flitt.
3. Franséischt Parlament stëmmt fir eng Verlängerung vun zwee Méint vum état d'urgence.
4. Honnertdausende Leit hunn a Frankräich nees géint d'Reform vum Aarbechtsgesetz protestéiert.
5. NATO ënnerschreift Bäitrëttsprotokoll mat Montenegro.
6. Europäesch anti-Dumping Sanktioune géint China nach net am Detail decidéiert, seet Jean Asselborn.
7. EU Vote iwwer nei Autorisatioun vum Pestizid Glyphosat nees verluecht, Lëtzebuerg eent vun aacht Länner, déi blockéiert hunn.
8. Bob Jungels bleift Leader am Giro d'Italia no der 12. Etapp.