Panorama
Panorama
15 min
1. Stécker vun Egyptair Fliger am Mëttelmier fonnt, esou ägyptesch Arméi.
2. Reform vu Fleegeversécherung proposéiert ee neie System vu Forfaiten déi d’Lëscht vun de Prestatiounen ersetzen.
3. Lëtzebuerger Deputéiert reagéiere kritesch op d’Nouvelle am Wort, dass der Chambre de Commerce hire Lobbyist zu Bréissel säi Büro do opmécht, wou och d’lëtzebuerger EU-Vertriedung an d’Ambassade sinn.
4. Haaptverdächtege fir Paräiser Attentater, Salah Abdeslam, gebraucht den "droit au silence" beim éischte Verhéier virum Riichter.
5. Tierkescht Parlament huet ëmstriddent Gesetz gestëmmt fir d'Immunitéit vun Deputéierte kënnen opzehiewen, déi oppositionell pro-kurdesch Partei HDP seet si wier domatter viséiert.
6. "Tierkei muss Mënscherechter respektéieren", seet Jean Asselborn um Bord vum EU Conseil zu Bréissel iwwer d'Ophiewe vun der Visapflicht fir d'Tierkei.
7. Déi 13. Etapp am Giro d'Italia geet haut an d'Bierger