Panorama
Panorama
1. An der LuxLeaks Affär goufe kéng Illegalitéiten un d'Luucht bruecht, esou den Affekot Pol Urbany an eiser Emissioun Riicht Eraus. De fréieren Deputéierte vun Déi Lénk, Justin Turpel, sot, d'Steierrulingen hätte géint d'Lëtzebuerger Verfassung verstouss.
2. Weltgesondheetsorganisatioun gesäit kee Grond olympesch Summerspiller a Brasilien wéinst Zika Virus ze verleeën.
3. 14.000 Leeferinnen a Leefer um Depart vun der 11. Editioun vum Stater Nuetsmarathon.
4. 45 Migranten am Mëttelmier um Wee aus Libyen an Italien erdronk.
5. Russland wëll Wirtschaftsrelatioune mat Griicheland ausbauen a sech un Privatiséierung vu staatleche Servicer an Infrastrukture bedeelegen, esou de Vladimir Putin.
6. Franséisch Regierung envisagéiert weider Interventioune fir Petrol's-a Bensins-Blockaden ze deblockéieren.
7. Fréieren argentineschen Diktator Reynaldo Bignone a 14 fréier Offizéier veruerteelt wéinst Mord an anere Strofdoten an der Operatioun Condor an de 1970er Joren.
8. Italiener Vincenzo Nibali Leader am Giro virun der leschter Etapp; Bob Jungels bleift 6. am Generalklassement.