Iwwerschwemmungen a Frankräich huelen zou, zu Paräis ass d'Seine iwwert d'Ufer gelaf.
Europäesch Zentralbank léisst Leetzëns bei 0%.
Gewerbesteier an aner Recette ginn an en Dëppe geluecht an der Gemengefinanze-Reform, déi de Minister Dan Kersch muer am Regierungsrot presentéiert.
Staatleche Promoteur SNHBM kënnegt Bau vun 340 abordabele Wunnengen un.
Däitsch Police verhaft dräi Leit, déi Attentater zu Düsseldorf geplangt haten.
Tierkei zitt Ambassadeur vu Berlin zréck nom Vote am Bundestag, fir d'Verbriechen un Armenier am Osmanesche Räich als Vëlkermord ze klasséieren.
Lionel Messi, dee wéinst Steierbedruch de Prozess gemaach kritt, seet, hien hätt näischt iwwert de Management vu senge Sue gewosst.
Cyclissem: Andre Greipel wënnt 1. Etapp vum Tour de Luxembourg, Jempy Drucker bleift Leader.