Panorama
Panorama
Dausende Leit an der Stad bei der Manifestatioun fir eng Opwäertung vun de Carrièren am Gesondheets- a Sozialsecteur.
Weltwäit Hommagen nom Doud vum legendäre Boxer Muhammad Ali.
Syresch Regierungstruppe gewannen un Terrain an IS dominéierter Raqa Provënz.
Zuel vu Blesséierten no Donnerwieder a Blëtz beim Rock am Ring Musek Festival op 81 geklommen.
Weltgesondheetsorganisatioun mécht nei Analys vun Zika Virus Gefor fir d'olympesch Summerspiller zu Rio de Janeiro.
Britesch Labour Cheffen appelléieren u Supporteren, fir den 23. Juni Groussbritannien an der EU ze halen.
Franséischen Informatiounssite Mediapart verzeechent juristesch Victoire géint den Nicolas Sarkozy an der Affär ëm presuméierte libesche Finanzement vun der Wahlcampagne 2007.
Cyclissem: Jempy Drucker gëtt op am Tour de Luxembourg, Leader bleift den Hollänner Maurits Lammertink.
Tennis: Spuenierin Garbiñé Muguruza wënnt d'Final zu Roland Garros géint d'Amerikanerin Serena Williams.