Tageblatt Sondessfro: ADR +1 Sëtz am Norden, DP -1 Sëtz.
D'Uni Lëtzebuerg wëll méi Visibilitéit um Campus Belval kréien.
100 irakesch Migranten hu virun der Immigratioun's-Direktioun protestéiert well d'Regierung d'Flüchtlingsstatut-Demandë vu Syrer prioritär géif behandelen.
D'Joresinflatioun ass op ronn 0% gefall.
D'EU Parlament gouf gréng Luucht fir d'Panama Papers Revelatioune vun enger Enquêtëkommissioun ënnersichen ze loossen.
De Bau vun der neier SEBES Waasseropbereedungsanlag um Stauséi gouf an der Chamber gestëmmt.
Op d'mannst 15 Doudeger bei neie Loftattacken op déi syresch Stad Aleppo, och eng Klinik wier getraff ginn, soen ONG'en.
Chinesesch Fluch-Cargo-Gesellschaft Yangtze River Express kënnt net zeréck op de Fluchhafen Frankfurt-Hahn, esou d'Noriichtenagence dpa.
Franséischen Inneministère huet smartphone App lancéiert fir iwwert terroristesch Menacen gewarnt ze ginn.