D'Geheimdéngscht Reform gouf an der Chamber ugeholl, mat de Stëmme vun DP, LSAP, déi gréng an CSV.
Vermësst: 13Joer ale Wohl Dwayn aus der Klinik um Kierchbierg verschwonnen.
Sonndesfro (Tageblatt) Zentrum: DP -3 Sëtz, CSV +2, déi gréng +1.
Detailer iwwert "Auslagerung" vu Fluchradaren an eventuell Synergië mat der däitscher DFS eréischt am Hierscht, seet François Bausch.
Verbuet vu Fuussejuegt kann net juristesch a Fro gestallt ginn, esou d'Verwaltungsgeriicht no Plainte vu Jeeërfederatioun.
Uber France zu 800.000 € Strof (mat 400.000 € Sursis) veruerteelt, wéinst "pratiques trompeuses".
Lëtzebuerg eent vun de Länner, déi am Meeschten exposéiert sinn am Fall vun engem Brexit, seet och d'Rating Agence S&P Global Ratings.
Euro 2016 Futtballsmatcher dierfen aus Sécherheetsgrënn a Frankräich net op Terrassen dobausse gewise ginn.
Tennis: Gilles Muller an de Véierelsfinalle vum ATP Tournoi zu Stuttgart.