D'Spuer- a Steiermesuren am sougenannten "Zukunftspak" waren indispensabel, seet de Finanzminister.
Regierungsrot hëllt Gesetz un fir Handy-Operateuren ze zwéngen, d'Identitéit vu prepaid Kaarte Clienten anzefuerderen, oder d'Kaart ze blockéieren.
Frankräich schéckt Artillerie an den Irak fir d'irakesch Arméi am Kampf géint déi terroristesch Miliz islamesche Staat ze ënnerstëtzen.
Ekonomesch Aktivitéit a Groussbritannien nom Brexit op déifsten Niveau zanter der Kris vun 2009 gefall, seet Markit Institut.
Cheffin vum Internationale Währungsfong, Christine Lagarde, muss sech virun engem franséische Geriicht veräntwerte wéinst der Bernard Tapie Affär an hirer Zäit als franséisch Finanzministesch.
Chris Froome bleift Leader am Tour de France, de Fransous Romain Bardet huet déi 19. Etapp gewonnen.