Den Amokleefer vu München war depressiv an hat eng Faszinatioun fir Massemord an Amokleefer, esou d'Police. En terroristeschen Hannergrond gouf ausgeschloss.
Bei Selbstmordattentater zu Kabul sinn op d'mannst 61 Leit ëm d'Liewe komm.
Nom staarke Reen mat Iwwerschwemmunge gouf de Noutplang "intempéries" declenchéiert. Betraff si virun allem d'Gemenge Fiels, Äerenzdall Reisduerf a Noumer.
Lëtzebuerg wëll mat China nei Fluchrechter an Destinatioune fir d'Cargolux verhandelen, esou de Jean Asselborn no senger China Visite.
The Brit Chris Froome behält säi giele Leader Trikot am Tour de France a ka muer mat aller Wahrscheinlechkeet als Schlussgewënner op de Podium zu Paräis klammen.
De Mercedes Pilot Nico Rosberg start vun der Pole position fir de Grousse Präis vun Ungarn muer an der Formel 1.