Ëmweltministère fuerdert Detailer vu Schell no enger Fuite, de 5. Juli, vum chemesche Produit AdBlue op der Aire de Berchem.
Vetrieder vu Reliounen a Frankräich fuerdere verstäerkte Sécherheetsmesuren a Kierchen an anere reliéisen Institutiounen.
Lëtzebuerger Bauere kréien zousätzlech Finanzhëllefe fir d'Mëllech-a Schwéngsfilièren.
Assurance Dependance finanziell gutt ofgeséchert, esou d'Gesondheetskeess iwwert de Bilan 2015 vun der Lëtzebuerger Fleegeversécherung.
Portugal a Spuenien gi net wéinst Budget's-Defiziter bestrooft a kréie méi Zäit hir Finanzen ze sanéieren, huet d'EU Komissioun decidéiert.
EU Kommissioun gëtt Polen dräi Méint Zäit fir ëmstridde Justizreform z'iwwerschaffen.
Lancement vu Ryanair Vole vu Lëtzebuerg op London a Porto wéint Koordinatiounsproblemer ma Handling Partner Avia Partner verspéit, esou RTL.