En arméierte Mann huet sech an engem Restaurant zu Saarbrécken verschanzt.
D’Ni Xia Lian wënnt fir Lëtzebuerg hiren éischte Mätsch am Dëschtennis zu Rio. De Frank Schleck gouf 20. an der Stroosse-Vëlo's-Course.
Nach kee Motiv fir Attack gëschter zu Charleroi, de belsche Premier sot op RTL, et géif no engem terroristeschen Hannergrond ausgesinn.
Grouss Demonstratioun zu Istanbul géint de versichte Putsch vum 15. Juli.
Referendum an Thailand iwwert nei Konstitutioun.
Futtball: F91 Diddeleng wënnt 6-1 géint Kanech.