Honnertdausende Leit demonstréieren zu Sanaa, der Haaptstad vu Jemen, géint d'Bombardementer vu Saudi-Arabien an der internationaler Koalitioun
USA hu Militärfligeren an déi syresch Stad Hassaké geschéckt no weideren Attacke vu syresche Militärfligere géint kurdesch Milizen
Den Donald Trump adresséiert sech am Wahlkampf un déi Afro-amerikanesch Communautéiten an den USA mam Message "Wat hutt dir nach ze verléieren?"
Patenter vum Lëtzebuerger Institute of Science and Technology spillen eng Roll fir d'Attraktivitéit vu Lëtzebuerg als kompetitive Standuert fir Betriber
Gold fir Groussbritannien am Kayak a fir China am Badminton um zweetleschten Dag vun den Olympesche Spiller zu Rio