Verwaltungsrot vum MUDAM erneiert Vertrauen an Direkter Enrico Lunghi nom Tëschefall an engem RTL Interview
De CETA Zousazprotokoll, dee Garantie soll ginn, huet kee juristescht Gewiicht, seet d'Ëmweltorganisatioun Greenpeace, déi d'Dokument verëffentlecht huet
Den Etat d’Urgence soll méi kloer definéiert ginn, an d'Chamber soll méi Kontroll kréien, huet den Alex Bodry an der zoustänneger Chamberkommissioun proposéiert
Vertrauen a Politik geet verluer wéinst Manktem u Perspektiven, esou Déi Lénk op hirer Rentrée
CSV mécht Drock op Spuerkeess a Finanzminister no der Behaaptung an der Süddeutsche Zeitung, d'Bank hätt 14 Milliounen Euro Strof wéinst Hëllef bei Steierhannerzéiung bezuelt
Op Haiti klëmmt de Bilan vun Doudesaffer nom Hurricane Matthew, a Florida goufen iwwer eng Millioun Leit opgeruff, sech a Sécherheet ze bréngen
Den Oste vun Aleppo riskéiert komplett zerstéiert ze ginn, warnt den UNO Beoptraagte fir Syrien