arrow_back_ios
Klassik aktuell
Klassik aktuell
Madrid, Valencia, Saragossa an Alicante - dat sinn d'Statiounen op der Tournée vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg. Op Allerhellgen mécht den OPL sech op de Wee a Spuenien - do wou en 2006 schonn eng Kéier war a fir d'lescht virun 2 Joer ënnert sengem deemolegen Chefdirigent Emmanuel Krivine. Dës Kéier steet de Gustavo Gimeno un der Spëtzt, a fir hien ass et de Retour a Spuenien - vrun allem a seng Heemechtsstad Valencia. Mee éier et esou wäit ass, gëtt et nach vill virzebreeden.