arrow_back_ios
Klassik aktuell
Deutsche Radiophilharmonie Saarbrécken-Kaiserslautern
D’Saison 2016/2017 ass nach guer net esou aal – fir d’Deutsche Radiophilharmonie Saarbrécken-Kaiserslautern huet se awer gewëssermooss matt 100 à l’huere ugefaangen. Knapps war d’Summerpaus eriwwer, goung et op eng Korea-Tournée, an den Orchester huet en neien Chefdirigent als Successeur vum Karel-Mark Cichon genannt: de Pietari Inkinen.