arrow_back_ios
Klassik aktuell
Nyckelharpa an Uergel
Et ass eng aussergewéinlech Kombinatioun: Nyckelharpa - eng Zort nordesch Fidel - an Uergel.
Den Organist Gunnar Idenstam ass ëmmer op der Sich no Aussergewéinlechem, Onkonventionellem. En huet sech fir ee musikalesche Projet mam Nyckelharpa-Spiller Johan Hedin zesummegedoen an eng spannend Kombinatioun aus Bach a Volleksmusek entwéckelt.