arrow_back_ios
CD-Klassik
Danse macabre
Zanter 2006 ass de Kent Nagano Chef vum Orchestre Symphonique de Montréal - e Kontrakt, deen e viru kuerzem bis 2020 verlängert huet. An deene leschten 10 Joer huet en e sëllechen Disque mat dësem Orchester opgeholl - vrun allem Beethoven a Mahler, awer och eng Intégrale vun de Geiconcerti vum Camille Saint-Saëns. Franséische Repertoire fënnt een och op där neister Produktioun: Danse macabre.