Klassik aktuell
Musek vum Claude Debussy
De Claude Debussy hat sech 1915, dräi Joer viru sengem Doud, an een neie Projet lancéiert: Six sonates pour divers instruments. En huet dëse Projet awer just bis an d’Halschent realiséiert: No der Sonat fir d'Gei a fir den Cello war d’Sonate fir Flütt, Braatsch an Harf dat lescht Wierk, dat en an dëser Serie geschriwwen huet. Dës Sonat ass de Kär vum Programm vum nächsten Concert-apéro vun den Amis de l’OPL mat der Hélène Boulègue (Flütt), der Dagmar Ondracek (Braatsch) an der Catherine Beynon (Harf).