Italien: Premier Matteo Renzi huet säi Récktrëtt annoncéiert, nodeems d’Verfassungs-Reform am Referendum vu bal 60% vun de Wieler ofgeleent gouf
Eisterräich: De pro-europäeschen Alexander Van der Bellen gewënnt d'Presidentschaftswahle géint de rietspopulistesche Kandidat vun der FPÖ Norbert Hofer
Kalifornien: Bilan vum Feier op enger Party zu Oakland op 33 Doudeger geklommen
Neiséiland: Premier John Key huet iwwerraschend "aus familäre Grënn" demissionéiert
North Dakota: US Army Corps of Engineers stoppt kontroverse Bau vun enger Petrols-Pipeline bei enger Reserve vun de Sioux Indianer