arrow_back_ios
CD-Klassik
Musek vum Aram Khatschaturian
De "Säbeldanz" aus der Balletssuite "Gayaneh" an den Adagio aus dem Ballet "Spartacus" - dat ass Musek, déi een mam Numm Aram Khatschaturian verbënnt. Datt deen armenesche Komponist ee ganz breetgefächerte Wierkkatalog - vu Kammermusek bis Filmmusek - huet, gëtt gàren iwwersinn. Elo ass eng nei Opnam vum Khatschaturian senger 2. Symphonie erauskomm.